Är Aufgaben:
• Professionellt Betreie vun eise Kanner, am Alter tëscht 6 an 13 Joer, no de Richtlinne vun eisem pädagogesche Konzept • Eegeverantwortlecht an eegestännegt Ëmsetze vun deenen an der Ekipp geplangte Moossnahmen
Äre Profil:
• Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Auxiliaire de Vie (m/w/d) • Erfahrung mat Kanner mat sozio-emotionalem Förderbedarf ass vu Virdeel • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2) • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office) • Autonomie a Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet) • Team- a Kooperatiounsfähegkeet • Wertschätzung an Hëllefsbereetschaft • No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen - Schichtenaarbecht
Mir bidden:
- 20 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
 - Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
 
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d’exercer
 - Casier judiciaire no 4 a 5
 - Führerschäin Klass B
 - Eischt Hëllefscours
 
Delai fir d’Kandidatur: 02.12.2023
$ads={1}
